Bilan vun der

Gesondheets- an Emweltwoch vum 16. bis den 20. Februar 2009
E ganz groussen MERCI un jiddereen, den dest Joër bei der Gesondheets- an Emweltwoch matgehollëf huet an esou dozou baigedroën huet, dass alles esou gudd an reiwungslos geklappt huet. Merci un all d’Kollegen, déi selwer Atelieren fir Schüler ugebueden hun oder Leit vun dobaussen fir flott Konferenzen oder Workshopen kontaktéiert hun. Villmols Merci un d’Schoulklassen, déi Atelieren fir aner Schüler präsentéiert hun. E groussen Merci och un all déi vill Kollegen, déi zesummen mat hiren Klassen esou bereetwëlleg un den eenzelnen Aktivitéiten deelgeholl hun oder hir Schoulstonnen zur Verfügung gestallt hun, fir dass d’Schüler dovun konnten profitéieren. D’Atelieren waren jo baal alleguer ausgebucht. Dann mecht d’Organisatioun vun esou enger Themenwoch och richteg Spaass!

All dat wär awer natiirlech net méiglech gewiescht, ouni déi tatkräfteg Ënnerstëtzung vun der Direktioun. En ganz décken Merci och un d’Equipen aus der Loge an aus dem Service Audio-Visuel fir hir Hëllef, un d’Infosdepartement fir déi schéin Posteren an selbstverständlech un all d’Leit aus dem Biosdepartement!

Atelier

Zoul vun Klassen déi matgemaach hun
Zoul vun Klassen déi hätten matmaachen kënnen
Zoul vun Schüler déi matgemaach hun

„Rester à la mode: les conditions de travail dans l’industrie textile“

1

2
17

„Le tourisme solidaire“

2

2
41

„Les informations non-affichées sur mon GSM“

2

2
36

„La consommation locale au Sud“

2

2
33

„Wasser, Hygiene und Entwicklung“

4

4
68

„Gesond kachen“

1

1
16

„Wéi eng Gefohren laueren am Internet?“

4

4
64

„Suchtpräventioun“

2

2
35

„Blut spenden“

5

5
101

„Diabetes“

3

3
69

Liewen op der Strooss“

2

2
35

„Energie & Emwelt“

8

11
117

„Waat maachen mat mengem Elektroschrott?“

6

9
73

„Gehörschäden durch Lärm“

1

2
19

„Fëmmen - virwaat iwerhaapt?“

1

5
14

„Anti-Gewalt-Training“

4

4
73

„Stressofbau an Relaxatioun“

4

4
74

„Ergonomie an der Schoul“

3

3
43

„Gesunde Snacks“

2

2
30

„Le chocolat“

1

1
12

„Clever essen“

3

3
47

„Präventioun vun Beruffskrankheeten“

6

6
62

„Mens sana in corpore sano“

2

2
49

„Naturtextilien am Alldaag“

2

2
31

Total:

71

83
1159


Vu dass eng Partie Klassen glaich un e puer Aktivitéiten deelgeholl hun, kann een soën, dass dest Joër insgesamt 746 verschidden Schüler aus 47 verschiddenen Klassen un der Gesondheets- an Emweltwoch bedeelegt waren. Daat as e super Resultat!
Sylvie Kummer