Gesondheets- an Emweltwoch am Lycée technique Ettelbréck
________________________________________
Den Ettelbrécker Lycée technique leet schon seit Joëren Waert op Gesondheetsförderung an Emweltfrëndlechkeet an der Schoul. Mat der Grënnung vun den Projet’en „Gesond Schoul“ an „Ecologie à l’école“ am Joër 1993, huet d’Sensibiliséierung vun den Schüler, den Enseignant’en an dem Personal fir eng gesondheets- an emweltfrëndlech Schoul ugefang.
Vum Joër 1994/95 un, goufen des Projet’en, durch hir Integratioun an den demolegen Projet d’établissement vum LTEtt, nach méi stark betount. Dësen Projet d’établissement, seit 1995 ënnert dem Numm Projet Phenix bekannt (Projet-Hëllef-Emwelt-Natur-Initiativ-Xchange), gouf schon am Joër 1991 an d’Liewen geruff.
An enger éischter Phase as ët virun allem em d’Kennenléieren vun der Problematik vun der sougenannter Drëtter Welt gang. Eng grouss Sensibilisatiounscampagne as am LTEtt durchgefouert gin an eis Schoul as een Partenariat mat dem Centre International de Formation Pratique d’Mboro aus dem Senegal agang.
Op Grond vun der internationaler Konferenz vun Rio, déi ënnert dem Schlagwuert „sustainable development“ op den Zesummenhang zwëschent der Entwécklung vun der ganzer Menschheet an dem Emweltschutz higewisen huet, hun mir am LTEtt an enger zweeter Phase probéiert, frei nom Motto „global denken, lokal handelen“, durch gezielten Aktiounen eisen Deel zum Emweltschutz beizedroën.
Well d’Bereetschaft sëch fir seng Matmenschen an fir seng Emwelt ze engagéieren am gréissten as, wann ët engem selwer gudd geet, wann een also am weitesten Sënn vum Wuert „gesond“ as, as an enger drëtter Phase vum Projet d’établissement zousätzlëch d’Erschaffung vun enger Schoulgemeinschaft ugestriewt gin, déi op d’Besoin’en vum Schüler ausgeriicht as, an der all d’Partner sëch woul an hirer Haut fillen an bereet sin sëch fir den Erfollëg am Studium ze engagéieren, Waert op hir Gesondheet ze léen , d’Emwelt ze respektéieren an d’Entwécklung vun den sougenannten Drëttweltlänner ze förderen.
An dësem Zesummenhang organiséiert den LTEtt all Joër zanter 1995, seng traditionnel Gesondheets- an Emweltwoch. D’Schoul get während denen Deeg ganz besonnesch ënnert den Motto Gesondheet an Emwelt gestallt an e groussen Deel vun der Schülerpopulatioun kritt d’Méigelechkeet un dem engen oder dem aneren Atelier, Workshop oder och un enger Konferenz iwer Themen aus dësen Beraïcher deelzehuelen.
Niewend villen Enseignanten, déi an dëser Themenwoch am Kader vun hiren Schoulstonnen mathëllefen eis Schüler fir d’Emweltproblematik an d’Wichtegkeet vun enger gesonder Liewensféierung ze sensibiliséieren andem sie des Themen an hiren Unterrecht abauen, därfen mir och all Joër Matarbëchter vun verschiddenen Organisatiounen am LTEtt begréissen. Hei just e klengen Iwerbléck aus den leschter Joëren:
Planning familial; Ministère de la Santé; Police Grand-Ducale; Croix rouge; Caritas; AIDS-Berodung; Centre de recherche contre le cancer; Médecins sans Frontières; Protection Civile; Life Projekt; Handicap International; UNICEF; Fondation Raoul Follereau; Fondation Alzheimer; Responsible Young Drivers; Institut für psychologische Gesundheitsförderung; Meederchershaus a.s.b.l.; Superdréckskëscht fir Biirger an fir Betriber;…
Och an der Editioun 2007 gouf den Recycling grouss geschriwwen, op d’Präventioun vun Beruffskrankheeten higewisen, op gesond Art a Weis gekacht an gebak an natiirlech huet och 2007 d’Suchtpräventioun net gefeelt. Niewend dësen Dauerbrenner hun mir awer och Vertrieder vun Amnesty International, vun der Fondation luxembourgeoise contre le cancer, vun der Caritas, een Spécialiste en Sophorelaxation an aus dem Musée d’Histoire naturelle d’Ausstellung “Knackig frisch – Genuss aus dem Gemüsegarten” empfangen.
Den Succès vun eiser Gesondheets- an Emweltwoch as menger Meenung no op verschidden Faktoren zeréck ze féieren:
Den Engagement vun den Enseignanten déi sech all Joër dofir asetzen oder ënnert irgend enger Form mathëllefen, d’Bereetschaft vun allen Leit vun baussen, déi ouni ze zécken bei eis op Ettelbréck kommen fir eise Schüler flott an interessant Atelieren unzebidden, déi gudd Ennerstëtzung vun der Direktiounsequipe ouni déi esou een Projet organisatoresch guer net duerchzeféieren wär an selbstverständlech och d’Hëllef vum Personnel technique.
Ganz besonnesch wëll ech awer natirlech och eis Schüler erfirhiewen, déi all Joër en groussen Intéret fir d’Aktivitéiten aus der Gesondheets- an Emweltwoch weisen, déi selwer Ausstellungen zu diversen Themen erstellen an vun denen der och schon vill hir Fraïzaït geopfert hun fir déi méi jonk Schüler an Atelieren ze begleeden, fir Exposéen ze halen, fir Klassenprojeten ze présentéieren oder och Visites guidées duerchzeféieren.
Un alleguer d’Leit, déi duerch hiren Engagement fir den LTEtt zum Erfolleg vun der Gesondheets- an Emweltwoch baidroën, vun menger Saït een ganz groussen Merci!
Sylvie Kummer